Op enger Fläch vun 30 Ar hu mir eng Rei Drëchemaueren, Hecken, e Weier, « Fassadenbegrünung ».
Mir loossen eng Rei Gréngfläche wuesse bis an de Spéitsummer!
Grouss Kéip mat Doudholz, Heckeschnëtt bidden der Flora Wunngelénheete während dem ganze Joër.
Aus engem Gaart ,dee virun 30 Joer aus vill Wiss an engen etlechen Beem bestaanen huet, ass e Gaart gin, wou d’Wiss komplett verschwonn ass.
Een Deel gët quasi sech selwer iwwerloos , wou e Miniaturbësch mat vill verschiddenen Beem, Totholz e Paradies fir vill verschidden Zorten Villercher an Insekten duerstellt.
All Joeres erem stellen mir fest dass eise Gaart eng Maternité fir vill verschidden Zorten Villercher ass.
Den direkt zougänglechen Deel vum Gaart ass voll beplanzt mat , dem jeweilegen Standort ugepassten, einheimeschen Stauden.
Dozou gesellt sech e klengen Geméisgaart an 2 kleng Waasergärt, déi och gaer vun de Villercher an den Insekten genotzt gin.
Een Insekten an Vullen-frendlechen Gaart matten an Dikrech. Mat Mauerwain an normalen Drauwenriewen als Fassadenbegrünung. 3 Uebstbeem goufen 2025 geplanzt. Insektenhotels an Nistkästen duerfen natirlech net feelen.
Eise klenge Gaart läit widdert der mëttelalterlecher Iechternacher Stadmauer an huet, obwuel en zimlech kleng ass (ca. 200m2), ganz verschidde Beräicher: Op där enger Säit ass et éischter fiicht an et gëtt vill Schied, do wuessen z.B. verschidde Farne ganz gutt an d’Märele bauen all Joer an enger mat Efeu déck bewuessener Mauer; op där anerer Säit ass et immens waarm a geschützt, soudatt do Mauereidechse sech wuelfillen. D’Haus ass mat enger aler Glycine bewuess an am Gaart hu mer Äppelbeem, e grousse Kiischtbam, duerch dee mer eng wëll Rous wuesse loossen, a ganz vill Blummen a Straich. En Deel Wiss loosse mer wëll wuessen (Margréidercher, Botterblummen, Veronica, Günsel, …), och eng Plaz fir Brennnessele gëtt et, an eng getesselt Mauer verstoppt eise Kompost-Eck. Et hänken e puer Nistkästen an de Beem, och fir déi wëll Beien hu mer där allerlee, a vill Vigel fannen hei eng kleng lieweg Insel (tëscht Strooss, Schotter a Beton). Leider ass, säit der radikaler Zerstéierung vun engem ale Gaardegebitt ganz an der Noperschaft, e Réckgank vun den Insekten ze beobachten, mee mir man eis Bescht, fir datt all Liewewiesen bei eis e gudde Liewensraum fënnt.
Bereits angelegt habe ich ein Magerbeet mit heimischen Wildblumen, einen Teich, verschiedene einheimische Gehölze sowie Bereiche der Wiese, die nur selten oder gar nicht gemäht werden.
Für die kommenden Jahre habe ich noch viele Ideen: Geplant sind ein Käferkeller, ein zweiter Teich ohne Fische, ein Steinhaufen sowie eine Benjeshecke. Außerdem ersetze ich nach und nach nicht heimische Pflanzen durch einheimische Arten und entferne invasive Neophyten, ein Teil dieser Arbeit ist bereits geschafft.
So entsteht Schritt für Schritt ein vielfältiger Garten, der immer mehr Lebensraum für die heimische Natur bietet
Bonjour, notre jardin naturel est composé de zones de fauchage tardif, d’arbres fruitiers, de haies mixtes, d’arbustes sauvages et de bois mort. Le potager sur buttes est protégé des vents froids du nord par une jardinière élevée en pierres sèches. Cette dernière accueille une grande diversité d’herbes aromatiques.
Notre terrain s’étend sur environ 33 ares. Une partie est occupée par nos 5 poules et les deux oies avec un petit étang. Une autre partie comporte le potager (plates-bandes élevées). Nous avons des pruniers, des pommiers et un poirier et d’autres arbustes et fleurs. Il y a des tas de pierre et de bois et des « maisons » pour les insectes. Un pré figure comme aire de jeux. Il y a une terrasse et une cour avec emplacement pour les voitures.
Petit jardin de ±300m2 d’une maison 3 façades. Le jardin comprend une petite zone non tondue, semée avec le mélange de fleurs indigènes Wëllplanzesom, tas de bois, toit végétalisé sur l’abri de jardin, vivaces et petits arbustes devant la maison, mur en pierre sèche, compost…
Vum exotesche Bambusgaart zum naturnohe Gaart !
Am Ufank stoungen an der Wiss e puer Bambusstauden an e Kiwibaam. D’Wiss selwer war éischter monoton. Am Summer gouf se dann och dementsprechend brong duerch d’Dréchent.
No enger kuerzer Iwwerleeung hunn ech mech vun de Baueregäert inspiréiere gelooss an hunn de Bambus duerch Stauden ersat. Dunn koumen och nach e puer Uebstbeem an d’Wiss dobäi: Kiischtebam, Triumph-Apelbam, Mirabellenbam an eng „Gute Luise“-Bier.
Well awer mat de Joren nach ëmmer d’Wiss dominéiert huet an d’Corona-Kris ugefaangen huet, koumen d’Gedanke vun engem naturnohe Gaart op: wëll Blummeninselen, manner méinen an eenheemesch Stauden. Sou wiisst säitdeem am Gaart villes wëll, an no an no gi net-eenheemesch Blummen, wéi d’armenesch Traubenhyazinthen (grape hyacinths / Drauwehyazinthen), erausgeholl.
Weiderhi ginn an de Gaart eenheemesch Stauden agesat, esou datt een am Moment Flackeblummen (cornflowers / Kornblummen), Storchschnabel (cranesbill / Stuercheschniewel), Skabiosen (scabious / Skabiosen), Mädesüss (meadowsweet / Wisskinnigin) an nach villes anescht bewonnere kann.
Vill Aarbecht hunn ech net: eemol am Joer d’Blummen ofschneiden an de Rescht vum Joer just d’Weeër fräi méinen. De Rescht loossen ech der Natur iwwer, ganz ouni Pestizidenasaz.
Kierzlech hunn ech och en Eck mat e puer Dréchemaueren ugeluecht, wou nach wëll Stauden hikomme sollen.
Profitéieren dovu maachen d’Distelfénken, Hausroutschwänz oder Märelen an natierlech d’Insekten, vu wëlle Beien bis bei d’Bommelen. D’Stieglitzen, d’Hausroutschwänz oder d’Amselen profitéieren dovun, genee esou wéi natierlech d’Insekten, vu wëllen Beien bis bei d’Hummelen.
Décrivez votre jardin et partagez avec nous votre parcours ainsi que les choix que vous avez faits.